ERLIEFT AN VERZIELT: "DEM LIEWEN OFGELAUSCHERT "- GEDICHTER VUM JOHN THILLENS
De John Thillens ass 1921 zu Nidderwooltz "op der Lann" gebuer, do wou dem Michel Rodange säi Renert entstanen ass. Fir d'Musek a besonnesch fir den Jazz huet de John gelieft. Hie war Komponist an Arrangeur, Pianist a Bandleader. Nobäi 20 Jor laang huet hie Sendungen iwwert Jazzmusek beim Lëtzebuerger Radio gemaach.